L.

D‘Séance mam Catherine Deschamps si fir mech all Kéier e Moment vu Rou, Entspanung an awer och Reflexioun.
D‘Catherine ass eng Therapeutin mat ganz vill Empathie, Sensibilitéit a Verständnis, di hir Patiente mat groussem Wëssen à charge hëllt.
Si huet et nach ëmmer fäerdeg bruecht, di energetisch Blocagen, di mir perséinlech vill Gesondheetsproblemer maachen, ze léisen a mech rëm e gudden Deel mi fit an den Alldag z‘entloossen.
Hir approche vun de Problemer ass op mech zougeschnidden a wäert och dozou féieren, dass ech geschwën nees wäert op der Héicht sinn a rëm ka mäi Liewe vill méi onbeschwéiert genéissen.